Gutt Kommunikatioun ass déi wichtegst Grondlag fir erfollegräich grenziwwergräifend Geschäftsbezéiungen.

Mir bidden Ärer Entreprise käschtegënschteg an héichwäerteg Léisungen, fir datt Dir Iech ganz op Äre Projet, Är Produkter a virun allem op d’Wënsch vun Äre Clientë konzentréiere kënnt.

Mir stellen Iech eis laangjäreg Erfarung an deene folgende Beräicher zur Verfügung:

  • Iwwersetzen
  • Dolmetschen
  • Ënnertitelen
  • Interkulturelle Management
  • Friemsprooche-Bürosservice
  • Geneemegungsprozeduren
  • Koordinatioun vu Registréierungen
  • Begleedung a Gestioun vun Ärem Projet
  • Rechts- a Steierfroen (an Zesummenaarbecht mat qualifizéierte Kooperatiounspartneren)

Vill Sproochen – Vill Chancen – Ee Partner

MM International Communication

Eis Servicer

Komplett Betreiung mat Iwwersetzung an Dolmetschen, vun der Ausschreiwung bis zum Debriefing. Mir féieren, an enker Ofstëmmung mat Iech, Är friemsproochlech Kommunikatioun, organiséieren Är Geneemegungsprozedure fir Iech a begleeden Iech bei Negociatiounen, Sëtzungen an op d’Aarbechtssitte vun Ärem Projet. Mir këmmeren eis och gär ëm den Trajet an d’Ënnerbréngung fir Iech an Är Mataarbechter, wéi och ëm aner logistesch Aspekter.

Eis Mataarbechter gi branchen- a produktspezifesch geschoult. MMIC ass mat den Aarbechtssécherheetsmoossnamen a verschiddene Secteure vertraut. Üüblech perséinlech Schutzequipementer si fir eis Mataarbechter disponibel. Op Äre Wonsch bereede mir och Är Equipe op Aarbechtssécherheetsmoossnamë vir, déi eis bekannt sinn, an hëllefen Iech beim Opstelle vu Risikoaschätzungen a soss noutwennegen Ënnerlagen.

Mir bidden Iech:

  • Dolmetsch-Service a Begleedung um Terrain
  • Konferenzdolmetschen inklusiv der kompletter Organisatioun vun de noutwennegen techneschen Installatiounen
  • Allgemengsproochlech Iwwersetzungen an allen Themeberäicher
  • Fachsproochlech Iwwersetzungen (ë. a. Technik, Ekonomie)
  • Beglaubegt Iwwersetzunge fir lëtzebuergesch an däitsch Geriichter a Notairen
  • Ënnertitelung vun Äre Videoen a Publicitéiten
  • Friemsprooche-Bürosservice
  • Interkulturelle Management
  • Ënnerstëtzung bei Geneemegungsprozeduren
  • Ënnerstëtzung bei Ärer Projetslogistik a -virbereedung
  • Koordinatioun vu Registréierungen (SIPSI asw.)
  • Rechts- a Steierfroen (an Zesummenaarbecht mat qualifizéierte Kooperatiounspartneren)
  • Planifikatioun, Organisatioun a Geneemegungsprozeduren am Beräich Straleschutz a Frankräich

Eis Servicer stinn an alle gängegen europäesche Sproochen zur Verfügung. Op Ufro kënne mir iwwer eis Partneragencen a fräiberufflech Mataarbechter weider Sproochen ubidden. Zéckt net, eis unzeschwätzen, egal wéi exotesch déi gebrauchte Sprooch Iech och virkënnt.

Eis Clienten

Zu eise Clienten ziele renomméiert international Gruppen, awer och Startuppen. Zanter 2006 begleede mir si bei Asätz op Bueranlagen am Erdgas- a Pëtrolssecteur, an Atomkraaftwierker, Industrieanlagen a Produktiounssitte vun Automobilsfournisseuren, genausou wéi a Konferenzsäll oder op Outdoor-Evenementer an der Tourismus- an Eventbranche. Mir sinn an de Beräicher Medien a Kultur täteg an ziele Forschungsinstituter an ëffentlech Ariichtungen a verschiddenen europäesche Länner zu eise Clienten. Eis Clientë si verdeelt iwwer vill europäesch Länner an d’USA. Zanter eiser Konversioun an eng Partnerschaftsgesellschaft am Joer 2017 sti mir Iech mat enger vergréisserter Equipe zur Verfügung.

Ufro starten

Wéi kënne mir Iech hëllefen?

Benotzt wannechgelift de Kontaktformulaire oder went Iech direkt un eis ënner Info@mm-ic.eu

Direktioun

Direktioun

Top